Aarbechtsgruppen

D’ErwuesseBildung asbl schafft säit senger Grënnung mat villen éierenamtlechen Hëllefer zesummen. Esou sinn eng Rei vun Aarbechtsgruppen aktiv, déi ganz eegestänneg fonctionéieren a vill eege Projeten ëmsetzen.

AG Bichergrupp

Hei fanne reegelméisseg engagéiert Mataarbechter*inne vun der EwB zesummen, déi näischt léiwer maachen, wéi sech mat Kannerliteratur ze beschäftegen. Hiere gréissten Uleies ass et, d’Passioun vum Liesen un d’Kanner weider ze ginn. Dofir organiséiere mir reegelméisseg spannend Aktivitéiten ronderëm d’Liesen a wiel interessant a liesenswäert Kannerbicher aus.

Kontakt: leslie.fischbach@ewb.lu

AG Oppe Kierchen

Dës Aarbechtsgrupp beschäftegt sech domat, der Ëffentlechkeet Kapellen a Kierchen méi no ze bréngen. Et si Leit mat ënnerschiddlechen Hannergrënn dobäi, sief et aus dem Denkmalschutz, der Theologie, der Kommunikatioun, dem Tourismus oder de Poren. Mir begleeden d’Koordinatioun vum “Weekend vun den oppene Kierchen” a vum “Netzwierk Oppe Kierchen”, d’Formatioun zum Kiercheguide a kulturellen Eventer a Kierchen.

Kontakt: laure.simon@ewb.lu

AG Naturverbonnenheet und Nohaltegkeet

Natierlecht Bauen, Solartechnik, Energieeffizienz, Zero Waste, Wanderen, Wëllplanzen oder Upcycling-Atelieren: An dëser Aarbechtsgrupp si Leit aktiv, déi sech fir Projeten zum Thema Naturverbonnenheet an Nohaltegkeet engagéieren.

Kontakt: nora.schleich@ewb.lu

GAG Gesellschaftspolitesch Aarbechtsgrupp

D’Theme vun dëser Aarbechtsgrupp si breet gefächert an hu meeschten ee Bezuch zur Aktualitéit. Dëst fänkt u bei Froen iwwer sozial Gerechtegkeet, Demokratie an Nohaltegkeet bis hin zu Diskussiounen iwwer Kierch a Glawen an eiser Zäit. Wärend fréier aus de Versammlunge vun der GAG eraus Impulser an Iddie fir de Programm vun der EwB entstane sinn, bleift et haut meeschtens beim Austausch an der klenger Grupp, deen et eis erlaabt, eis eege Meenung ze schäerfen an a Fro ze stellen.

Kontakt: info@ewb.lu

AG Atelier Spirituel

Ee Mol am Mount trëfft sech eng Grupp vun 10-20 Persounen, fir iwwert een Text oder Beitrag ze diskutéieren, deen een aus der Gruppe am Viraus ausgewielt huet. Dëst kann ee Passage aus der Bibel sinn, een Textextrait aus engem Buch oder een aktuellt Thema, déi am wäite Sënn mat Spiritualitéit a Glawen ze dinn hunn. Am Mëttelpunkt vun eise Gespréicher steet ëmmer de Bezuch zum eegene Liewen. No der Diskussioun deele mir Brout a Wäin – net a ritueller Form, mä einfach mat deem, wat mir matbruecht hunn.

Kontakt: info@ewb.lu

Company X Project

„The Company X Project“ ass eng dynamesch, extern Aarbechtsgrupp, déi sech zum Ziel gesat huet, eng international a participativ Plattform ze bidden, fir d’Zivilgesellschaft allgemeng besser ze integréieren a matschwätzen ze loossen, wat zukünfteg Reegelen a Standarde ronderëm d’Thema gesellschaftlech Entwécklung a Strukturen ugeet. „The Company X Project“ ass breet gefächert a fir jiddereen, dee sech abrénge wëll, ass eppes dobäi – och fir Kanner a Senioren.

Kontakt: info@ewb.lu

Wann och Dir Loscht hutt, zesumme mat motivéierte Mënschen eppes ze beweegen oder Iech méi Informatiounen zu eisen Aarbechtsgruppe wënscht, da mellt Iech gäre bei eis.