Benevolat

Dir wëllt Iech gäre benevole engagéieren? Äert Talent an Äert berufflecht Wëssen an eng gemengnëtzeg Organisatioun abréngen? Da sidd Dir bei eis genau richteg.

D’ErwuesseBildung asbl bitt verschidde Méiglechkeeten, sech benevole ze engagéieren. Dir kënnt eis gäre bei eisen Aktivitéiten aushëllefen:

Wëllt Dir eis Mataarbechter bei eise Samschdestreffe fir Kanner tëschent 4 an 8 Joer ënnerstëtzen? Hutt Dir Loscht, an enger vun eise villen Aarbechtsgruppe matzewierken? Leit Iech dat reliéist Ierwen um Häerzen oder kennt Dir Iech gutt mat Computeren aus a wëllt eis i-Stuff-Trainer bei hiren Aktivitéiten ënnert d’Äerm gräifen? Oder hutt Dir eng aner benevole Aktivitéit am Kapp? Mellt Iech gäre bei eis.

oder

Tel. 44743340

D’EwB ass ausserdeem géigeniwwer interesséierte Schüler*innen a Student*innen opgeschloss, déi praktesch Erfarunge sammele wëllen. Et ass méiglech, iwwer e puer Wochen oder Méint e Stage am Beräich Verwaltung, Kommunikatioun, i-Stuff an/oder engem aneren vun eisen Tätegkeetsfelder ze absolvéieren. Schéckt eis Är Bewerbungsënnerlagen per E-Mail mat Uschreiwen, CV, Diplomer, un …