Eventer

Eng Begéinung mam Hannah Arendt sengem Denken an Handelen

ewb-gesellschaft

Workshop mam Jean-Marie Weber

« Ohne den Atem ist der menschliche Leib eine Leiche, ohne das Denken ist der menschliche Geist tot. », H.A. in The Life of the Mind 

An dësem Workshop geet et drëms e puer Etappe vum Hannah Arendt sengem Liewen ze verstoen esou wéi wichteg Elementer vu senger politescher Theorie. Mir kucken an engem éischten Owend ze d’éischt Ausschnëtter aus dem Film « Hannah Arendt »(2012) vun der Magaretha von Trotta an diskutéieren hir Entwécklungen.

An deenen dräi aneren Owender diskutéiere mer un Hand vu kuerzen Textausschnëtter follgend Themen: 

  • Léift a Frëndschaft 
  • De Mënsch an der moderner Gesellschaft : Geburtlechkeet, Fräiheet, Denken am Dialog a Verantwortung 
  • Entwécklung an Elementer vum Totalitarismus 
  • Politesch an ethesch Kompetenze fir e Liewen an der Demokratie 
  • Erzéiung, Autoritéit an Ongehorsamkeet 
  • Verspriechen a Verzeien 

Referent

Jean-Marie Weber, chercheur, Uni-Lëtzebuerg 

Organisiert vom Centre de formation diocésain Jean XXIII. In Kooperation mit der EwB.

Dates:30.01, 13.02, 17.02Zäit:19:00 AuerEntrée:FräiAdress:Centre de formation diocésain Jean XXIII

52, rue Jules Wilhelm
L-2728 Luxembourg
Informatioun:www.cfd.luSprooch:DE/LUFormatrice/Formateur:Jean-Marie Weber