Eventer

Family Time with Dogs

ewb-familien

Dir op der Sich no enger Aktivitéit, déi d’Famill zesummebréngt an d’Kanner op spilleresch Aart a Weis léiere léisst? Bei „Family Time with Dogs“ sti gemeinsam Erfarunge mat Hënn am Mëttelpunkt.

An dëser déieregestützten Aktivitéitsrei ginn d’Famillien duerch spilleresch Aktivitéiten an Interaktioune mat Hënn motivéiert, sozial a perséinlech Kompetenzen z’entwéckelen.

All Sessioun behandelt e speziellt Thema: vu Bedierfnesser an Emotioune, iwwer Talenter a Ressourcen, bis hin zu sportlechen a kreative Spiller. D’Kanner wéi och d’Eltere léieren dobäi, dës Erkenntnisser op hir eegen Erfarungen z’iwwerdroen.

Hei sinn Themen vun de verschiddenen Workshops. Dir kënnt Iech fir een oder all Aschreiwen.

07. Januar: Bedürfnisser vum Hond a mir
21. Januar: Talenter vum Hond a mir
04. Februar: Sport mam Mupp (+ Denksport)
18. Februar: Emotiounen vum Hond a mir
20. Februar: Escape-Room mat Hond

Nom aktive Part kënne d’Kanner dem Hond a gemittlecher Atmosphär virliesen – e super Wee, fir d’Freed um Liesen ze fërderen. Wärend dëser Zäit kréien d’Eltere wäertvoll Tipps wéi een d’Liesen Doheem fërdere kann.

Maacht mat, entdeckt villes iwwert den Hond an Iech selwer a verbréngt eng flott Zäit als Famill!

Wichteg: Et sinn ausgebilten Hënn sur Place, bréngt w.e.g net Är privat Hënn mat.

Diese Veranstaltung findet im Rahmen des Programms Growing together statt. Mehr Infos sowie weitere Veranstaltungen finden Sie hier …

Dates:07.01, 21.01, 04.02, 18.02, 20.02Zäit:14:00 bis 16:00 AuerEntrée:FreiAdress:Eltere Forum Niederanven
Centre de Formation
“Am Bongert”
128 route de Trèves
L-6960 Niederanven
Informatioun:info@ewb.luA Kooperatioun mat:Menje & Eltereforum & Dogs4successSprooch:Deutsch + LuxemburgischZielgrupp:Kanner tëschend 7 an 12 Joer