News

Niklos-Expo

05.11.2024

Niklosduerstellungen an -traditiounen zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg steet d’Traditioun zum Niklosdag op der nationaler Lëscht vum immaterielle Patrimoine. Mee, wee war dee Mann, un deen d’Kanner zënter Generatiounen all Joer virum 6. Dezember ee laange Wonschziedel schreiwen? A vun deem dat ganzt Joer iwwer op ville Plazen, net nëmmen an de Kierchen, eng Statu oder e Bild ze fannen ass. Wou kënnt hien hier? Wat gëtt et fir Legende ronderëm hien a wéi ass d’Traditioun, besonnesch zu Lëtzebuerg?

D’Legenden an Traditiounen zum Kleeserchersdag ginn duergestallt. Donieft gi Fotoe gewise vun den Duerstellunge vum Niklos an de Fester zu sengen Éieren aus dem ganze Land. Och historesch Reportagen an Dokumentatiounsfilmer aus de 40er bis 80er Joere gi projezéiert.

Kaderprogramm zur Expo

„Léiwen Zinniklos“ – Eng Konferenz mam Historiker Tom Zago

  • 17.11., an der Stad an der EwB
  • 25.11., zu Dikrech am Festsall vun der Grondschoul

Méi Informatiounen…

Féierung duerch d’Niklos-Expo & Quiz fir Famillen

Den 21.11. an der Kathedral.

Méi Informatiounen…

Marionnettentheater fir déi Kleng mam Carine Schmit-Kayser

Den 23.11. an der EwB.

Méi Informatiounen…

Matsang-Concert

Mat de Bouneweger Nuechtigailercher ënnert der Leedung vum Claudine Schott.

Den 23.11. an der Kathedral.

Méi Informatiounen…

Dem Kleeschen säin Iesel um Bauerenhaff

Eng Liesung mat an iwwert dem Kleeschen säin Iesel fir Familljen.

De 24.11. beim Paco um Haff (Mullendorf Steinsel).

Méi Informatiounen…

Grousse Kleeserchersdag zu Dikrech

En Dag mat Spill, Spaass, Sangen a Roden, och fir Famillen.

De 6.12. zu Dikrech an der Porkierch.

Méi Informatiounen…

Ein Nikolausfilm mit Playmobil

Kreiere deinen eignen Stop Motion Film!

Für Schulklassen | Am 25., 27. und 29.11.

Mehr Informationen…

Mir maachen e Film iwwert de Kleeschen

Für Familien mit Kindern von 5–7 Jahren.

Am 30.11. in der EwB.

Mehr Informationen…