News

Tabu Thema: Gynekologesch Gewalt & Gewalt wärend der Gebuert

10.10.2023

De 4. Oktober 2023 hu mir eis an der EwB dem Tabu Thema „Gynekologesch Gewalt & Gewalt wärend der Gebuert“ gestallt. Un der Table Ronde hunn deelgeholl: d‘Laura Hendriks (Sexologin), d‘Natascha Bisbis (Doula), d‘Yolande Klein (ASFL) an den Dr. Marc Peiffer (Gynekolog, SLGO). Moderéiert huet d‘Nora Schleich.

Wärend der Gespréichsronn zum Tabuthema Gynekologesch Gewalt a Gewalt wärend der Gebuert ass eppes ganz kloer ginn: Et ass immens wichteg, iwwert schwiereg Themen ze schwätzen an och ganz géigesätzlech Vuë mateneen ze diskutéieren. Nëmmen sou kënne mer dofir suergen, dass mer Bewosstsinn a Verständnis schafe fir gemeinsam eppes ze verbesseren.

Op dëser Table Ronde ass dat geschitt, et war net einfach, et war belaaschtend, et war komplex – mee et ass geschwat ginn, et ass ausgehale ginn an et ass Verständnis opkomm. Mir soe Merci fir di vill couragéiert Gäscht, déi lauschteren an diskutéiere komm sinn, mir soen dem Pannel Merci, dee vill Facette vum Thema opdecke konnt a mir soen deene ville Persoune Merci, déi een anonymmen Temoignage rageschéckt hunn. Et waren der souvill, dass mer se net all liese konnten.

Well d’Thema sou grouss ass, konnt net all Aspekt dovunner an der néideger Grëndlechkeet erfaasst ginn. Mee dat war och net onbedéngt den Usproch. Et mussen dofir nämlech nach vill weider Ausenanersetzunge folgen, fir dass mer jeglech Form vu Gewalt enttarnen an awer och am System Upassungen ënnerhuele kënnen, déi de Risk vu Gewalterfarunge miniméieren. Schwaarz Schof wäerten et ëmmer ginn, mee et ass eist Recht, hinne keng Grondlag méi ze liwweren. An dofir setze mir eis all an.

 

Merci och un d‘Initiativ Liewensufank an de CID Fraen an Gender, déi mat engem Bischerdësch präsent waren. Ausserdeem soe mir der Politikerin Nathalie Oberweis fir hieren informativen Abléck Merci.

Dir hutt d’Table Ronde verpasst? Da kuckt Iech elo de Video un:

An hei nach e puer Fotoen vum Owend: