News

Tabu Thema: Toxesch Genderrepresentatiounen Online

27.11.2025

Stereotypesch Representatioune vu Mann a Fra ginn et scho laang. Mee wärend hartnäckeg dru geschafft gëtt, mat Klischeeën opzeraumen a Gläichberechtegung liefbar ze maachen, fënnt online e ganz an ere Kampf statt.

An dëser Table Ronde hu mir eis mam verbreete Problem, deen Narrativer, déi online propagéiert ginn, mat sech bréngen, beschäftegt. Et goung ëm Analys, kritescht Denken, praktesch Hëllef a Präventioun.

Um Gespréich deelgeholl hunn:

  • d’Esin Göksoy vum CID | Fraen an Gender,
  • den Alex Carneiro vun infoMann,
  • d’Karin Weyer vu respect.lu
  • an d’Charlotte Pull vum ZEV | Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht.
  • Moderatioun: Nora Schleich (EwB).

Mir hunn den Owend opgeholl. Kuckt Iech de Video elo un:

Den Owend huet a Kooperatioun mam CID | Fraen an Gender, infoMann, respect.lu an dem ZEV stattfonnt.

Mat der Ënnerstëtzung vun der Œuvre Nationale.