Auf Spurensuche während der Oktave
23.05.2023D’Oktave ass elo eriwwer!
Wärend deenen 2 Woche sinn iwwert 90 Kanner op Entdeckungsrees duerch d’Kathedral gaangen an hu versicht Äntwerten op d’Froe vum „Oktave-Quiz“ ze fannen.
Vill richteg Äntwerte sinn dobäi eraus kommen.
E Samschdeg, den 13. Mee goufen aus all de richtegen Äntwerten 20 Gewënner ermëttelt.
Si hunn e flotte Buchpräis gewonnen: „Heilige Sprünge – Auf Spurensuche nach Pilgerorten in Luxemburg“ (gesponsert vum Archevêché de Luxembourg).
Merci all deenen, déi matgemaach hunn!
… an dobäi hoffentlech e puer interessant Saachen gewuer goufen.
Deutsche Version

Version française



