News

De Weekend vun den oppene Kierchen 2024

11.06.2024

Réckbléck op ee Weekend ënnert dem Motto „Blummen a Planzen“

Wéi all Joer, war och dëst Joer um éischte Weekend vum Juni den traditionelle Weekend vun den oppene Kierchen zu Lëtzebuerg. Den Thema war Blummen a Planzen. 58 Kierchen a Kapellen haten hir Diere grouss opgemaach, op vill Plaze gouf et och ee spezielle Programm.

Klickt duerch eise Fotoalbum a loosst iech vun der Pracht an der Vilfalt vum lëtzebuergesche reliéise Patrimoine iwwerzeegen.

Fir d’Ouverture hunn eis Vertrieder vun der Kierch (Weibëschof Léon Wagener an de Vicaire Épiscopal Georges Hellinghausen), dem Kulturministère (Patrick Dondelinger) an der Stad Lëtzebuerg (Schäffe Maurice Bauer a Conseiller Robert Philippart) beéiert. De Maurice Clement huet mat engem exzellente Concert op der Uergel duerch den europäesche Barock geféiert an d’Christiane Kremer-Hoffmann huet erkläert, wat et domat op sech huet, datt een dacks Blummen a Planzen am Dekor vun enger Kierch fënnt.

Zu Éileng gouf freides owes een After-Work mat DJen organiséiert a ganz vill Leit hu vun där exzellenter Atmosphär profitéiert.

Zu Bollenduerf-Bréck war eng Ausstellung vun enger jonker Kënschtlerin, zu Steebrécken gouf den Dekor vum Ady Deville virgestallt.

Op vill Plaze goufe Visite Guidéeënugebueden, dacks mam Schwéierpunkt Blummen. D’Kierche ware schéi gerëscht an ee gudden Doft huet ee bei der Entrée empfaangen. Dat war besonnesch de Fall zu Lëlz an der klenger Duerfkapell, wou e puer üppeg Bouquete mat Rouse stoungen an d’Frënn vun de Rousen och eppes dozou verzielt hunn. Awer och op der Pirmesknupp, mëtten an der fräier Natur, stoungen d’Planze vun haut a vu fréier am Mëttelpunkt. Déi schéinste Barock Kapell vu Lëtzebuerg D’Loretto-Kapell zu Clierf, um Bord vun der Uertschaft, am fréiere Wëldpark, war och ausnamsweis ze besichtegen.

Zu Lëlz an der Duerfkapell | Foto © E. Werner
Zu Lëlz an der Duerfkapell | Foto © E. Werner

E grousse Merci geet un déi vill lokal Leit, déi sech ëm „hier“ Kierch këmmeren an houfreg si fir se alle Leit ze weisen. An natierlech och un déi Generatioune vu Leit virdrun, deene mer ze verdanken hunn, datt mer esou ee prachtvolle Patrimoine hunn.

Zur Fotogalerie…