News

D’Geschicht vun der ErwuesseBildung – en Interview mam Grënner Jean Leyder

01.02.2025

Wien säit 90 Joer op dëser Welt ass, a sech bestëmmt méi wéi 50 Joer ganz staark fir d’Gesellschaft an d’Gemeinschaft asetzt, deen huet vill ze zielen an ze soen. De Grënner vun der EwB, de Jean Leyder, huet dëst Joer ee schéine ronne Gebuertsdag gefeiert. An deem Kader hu mir seng Andréck vun der Grënnung vun der EwB wollte bildlech festhalen.

Mat vill Courage, Witz an och Spitzfindegkeet, huet de Jean Leyder et gepackt, eng Nische nieft der verstëppster kathoulescher Kierch opzemaachen, wou Raum konnt entstoe fir méi Dialog, méi Reflexioun a virun allem: méi Mateneen. Dovun erzielt de Jean Leyder an dësem Interview.

Mir soen him dofir merci, a freeën eis, Iech dëse Video ze weisen.