News

D’Traditioun vu Kleeserchersdag

03.10.2023

Am Kader vun de Journées européennes du Patrimoine 2023 huet d’EwB op verschidden Aktivitéite ronderëm de Kleeschen invitéiert. Um Programm stoungen Visite-Conférencen mat musikaleschem Encadrement zu Veianen an op der Musel souwéi e grousse Stand um Dag vum liewege Patrimoine an der Abtei Neimënster.

D’Kleesercherstraditioun zu Veianen

An Zesummenaarbecht mat der Par Parc Our Saint-Nicolas, an de Veiner Geschichtsfrënn

D’Nikloskierch zu Veianen steet net fir näischt direkt bei der Bréck. De Kleesche gëtt zënter Joerhonnerten net just als Patréiner vun de Kanner an den Händler veréiert, mee och als Beschützer virum Waasser.

De Paschtouer Jeannot Gillen huet e Bléck op den historesche Personnage an e puer vu senge Leegenden geworf, de Lokalhistoriker Josy Bassing gung op d’Kleesercherstraditioun iwwert d’Zäit zu Veinen an an d’Kiercheguidin a fréier Buergermeeschtesch Gaby Heger huet duerch déi denkmolgeschützte Kierch geféiert, déi am 13. Jh vun den Tempelritter vu Ruet gebaut gouf.

D‘Veiner Holzquartett huet fir de passende musikaleschen Encadrement gesuergt.

D’Kleesercherstraditioun op der Musel

Zesumme mat der Par Musel a Syr Saint-Jaques

Den Niklos hat schonns ëmmer eng besonnesch Roll op der Musel, waren d’Leit dach de Laune vum Floss ausgesat an hunn dofir op ee Patréiner gesat, deen sech schonns zu senge Liefzäiten fir d’Leit beim an um Waasser agesat huet. Ganz besonnesch d’Schëffersleit hunn sech ënner säi Schutz gestalt. An der Kleesercherstraditioun kënnt hien all Joer mam Schëff bei d’Kanner.

De Lokalhistoriker Ben Ferring huet e Bléck op den historesche Personnage geworf, den Deche Claude Bache e puer vu senge Leegenden verzielt.

D’Chorale Municipale Sängerbond Museldall huet fir de passende musikaleschen Encadrement. Bei engem groussen ofwiesslungsräiche Programm hunn si hiert Kënnen ënner Beweis gestallt.

Lass gung et op der „Spatz“ bei der Bréck, wou zënter Joerzéengten eng Statu vum Niklos steet. Dono gung et an der Bëlleger Kierch virun.

D‘Geschichtsfrënn vu Mäertert/Waasserbëlleg haten eng ganz besonnesch interessant Ausstellung opgebaut mat Fotoe vu fréier, interessanten Artikelen a Fändele vum Schëfferveräin mam Niklos drop.

D’Gemeng huet zum Ofschloss ee Patt offréiert.

Participatioun um Dag vum liewege Patrimoine: D’Kleesercherstraditioun fréier an haut, fir Grouss a Kleng

am Centre culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster, Lëtzebuerg

De Kleeschen ass immens beléift. D‘Traditioun ronderëm säin Éierendag gëtt a ville Familljen héisch gehalen, woubäi all Generatioun en e bëssen anescht feiert.

Mat engem Bicherdësch fir Kanner an Erwuessener, lieweg verzielte Geschichten am Lieseck, enger klenger Ausstellung iwwer seng Verwuerzlung an der Lëtzebuerger Konscht a Kultur an engem Quiz sinn op spilleresch Manéier seng Hierkonft a seng Legenden fir Grouss a Kleng erläutert ginn. De ganzen Dag iwwer war och d’Kleeserchersmarionette mam Carine Schmit-Kayser op Besuch an huet de Kanner gewisen, wat et mat der Traditioun vum Schong eraussetzen op sech huet.

Eng gemëschten Equippe vu Bénévollen a Mataarbechter*innen vun der ErwuesseBildung hu Grouss a Kléng opgekläert iwwert d’Kleesercherstraditioun a seng Duerstellungen an de Kierchen an op ëffentleche Plazen zu Lëtzebuerg.