Kleeschen, Kleeschen, léiwen Zinniklos!
12.12.2024Zu Lëtzebuerg steet d’Traditioun zum Niklosdag op der nationaler Lëscht vum immaterielle Patrimoine. Mee, wee war dee Mann, un deen d’Kanner zënter Generatiounen all Joer virum 6. Dezember ee laange Wonschziedel schreiwen? A vun deem dat ganzt Joer iwwer op ville Plazen, net nëmmen an de Kierchen, eng Statu oder e Bild ze fannen ass. Wou kënnt hien hier? Wat gëtt et fir Legende ronderëm hien a wéi ass d’Traditioun, besonnesch zu Lëtzebuerg? An zënter wini ass hien iwwerhaapt schonn hei am Land bekannt?
Den Dr. Tom Zago huet dozou eng Konferenz gehalen (17.11.2024 an der EwB & 25.11.2024 zu Dikrech am Festsall vun der Grondschoul). Hien ass Historiker a schafft an der BnL.