News

Medezin & Ëmwelt am Dialog

22.09.2026

Austauschowenter vun der scente asbl

Vun Oktober 2026 bis Februar 2027 wäerten an der EwB eng ganz Rëtsch Owenter stattfannen, déi zu jeeweils spezifeschen Themen der Fro noginn, a wéi weit eis Gesondheet souwuel eppes mam Bannen, wéi och mam Baussen ze dinn huet.

Jeeweils vun 18:00 bis 19:30 Auer an der EwB.

Et kann een och just un eenzelnen Owenter deelhuelen. E Virwëssen ass net noutwendeg.

D’Participatioun ass GRATIS. Ëm eng Umeldung gëtt gebieden (info@ewb.lu).

Dës Eventreih ass vun der Scente asbl organiséiert.

An der EwB leeë mir grousse Wäert op Gespréich an Austausch op Aenhéicht. Dir sidd dofir häerzlech invitéiert, fir mat eis iwwert déi virgestallten Themen ze diskutéieren, Froen ze stellen, kritesch ze sinn – a virun allem, dat gemeinsam unzegoen.

Kommt laanscht an diskutéiert mat!