News

D’EwB seet dem Danielle Äddi an e ganz grousse Merci!

30.03.2023

No 34 Joer bei der ErwuesseBildung geet d’Danielle Mertes an d’Pensioun

‍Den 30. Mäerz hu sech souwuel momentan souwéi fréier Mataarbechter*innen, Benevoller a Memberen vum Verwaltungsrot vun der EwB versammelt fir dem Danielle Mertes Äddi a virun allem och e ganz grousse Merci ze soen.

Den Théo Péporté, fréiere President vum Verwaltungsrot, huet dem Danielle säin Debut bei der EwB als “gelieften Erwuessebildung” beschriwwen:

“Mir hunn eng Sekretärin gesicht an hunn d’Danielle kritt … mat all deem wat hatt un Iddien, Projete, Aktivitéiten, Engagement matbruecht huet.”

Och de Grënner vun der EwB, de Jean Leyder, war present an huet sech beim Danielle fir säi laangjäregt Engagement bedankt.

‍‍

An dësen Zeilen léisst d’Danielle Mertes seng Zäit bei der EwB nach eng Kéier Revue passéieren:

34 Joër – waat eng laaaang Zäit !

MERCI dofir

 

1989 huet meng Geschicht beim Info-Video-Center ugefangen.

Waat eng Chance haat ech dach!

D‘Zäit ass esou séier eriwer geflunn… an awer, et waren esou intensiv Joren.

Ech kéint elo e Buch schreiwen iwwert daat, waat ech alles hei konnt erliewen, léieren, kenneléieren…

Merci menge Chefen -dem Jang, dem Theo, dem Wolfgang, dem René, dem José an zu gudder Lescht dem Ulrike. Si hu mir eng „Spillwiss“ gelooss, fir meng Iddien ëmzesetzen („meng Inten schwammen ze loossen“).

Merci mengen Aarbechtskollegen a -kolleginnen, déi mech iwwert déi ganz Zäit gestäippt an ënnerstëtzt hun a mech ausgehalen hun (well ech sinn och net ëmmer der ganz einfacher eent gewiecht).

Merci all deenen benevolen Mataarbechter-innen a ganz besonnesch dem Aarbechtsgrupp „Kannerbicher“, ouni déi meng Aarbecht an der Form guer nët méiglech gewiecht wier.

Merci fir all déi flott a interessant Begéinungen, déi ech duerch meng Aarbecht bei der ErwuesseBildung konnt machen: déi sellechen Auteuren, déi vill Partner, mat deenen ech konnt vill a flott Projeten machen, déi vill Elteren, Enseignanten, Kanner, matdeenen ech flott Gespréicher a Momenter konnt erliewen.

 

Merci Merci Merci Merci Merci

Eng besser Aarbecht kann e Mensch bal net fannen! Dofir sinn ech esou Dankbar.

 

An elo ass et Zäit fir e Recul ze huelen a Plaz ze machen fir eng nei Mataarbechterin, der ech gradesou vill Freed a Erfëllung wënschen.

An ech freeë mech elo schonn drop, der ErwuesseBildung als benevole Mataarbechterin zur Säit stoen zekënne.

 

Danielle