Events

De reliéise Patrimoine am Internet valoriséieren

Wann een am Internet no enger Kierch, Kapell oder engem Weekräiz sicht, da fënnt een se,  villäischt zeguer op méi Plazen. Mee ass dat richteg, wat do steet? Steet genuch do? Fannen d’Leit déi wichteg Saachen? Wat kinnt ee wéi verlinken, fir datt et méi effizient ass? Wéi kann een dofir suergen, datt eise Patrimoine online fir d’Zukunft korrekt valoriséiert gëtt?

Gewise ginn 3 Sitten, wou ee ka mathëllefen, wann een sech fir eise reliéise Patrimoine interesséiert a sech mam Internet e bëssen auskennt.

Dës Veranstaltung riicht sech besonesch u Benevoller aus de Poren. Awer och all aner Interesséiert sinn häerzlech wëllkomm.

PROGRAMM

  • oppekierchen.lu mam Laure Simon, ErwuesseBildung
  • wikipedia.org mam Jean-Louis Gindt, Wikimedia Lëtzebuerg asbl.
  • cathol.lu mam Christophe Hubert a Gérard Kieffer, Service Communication et Presse vum Äerzbistum
Date:16.11.2023Time:18:30 till 20:30 o`clockRegister Until:14.11.2023Entry:gratis

De Service Communication et Presse offréiert Bréidercher.
Location:ErwuesseBildung

Centre Convict, Entrée G
5 avenue Marie-Thérèse
Luxembourg
Information:info@ewb.luIn Cooperation with:Service Communication et Presse vun der Kathoulescher Kierch, Wikimedia Lëtzebuerg asbl.Language:LU