Events

« D’Märelchen » mam Lisa Grosbusch

Eng Liesung mat der Illustratorin a Co-Autorin vum Buch

Wéi all Joer baut d’EwB hiert Bicherzelt wärend der Oktave am Bannenhaff vun der Kathedral op. Ee vun eise Buchtitel dee mir am Zelt stoen hunn ass D’Märelchen aus der Fieder vun zwee Lëtzebuerger Debütautor*innen: De Paul Schmitz an d’Lisa Grosbusch, wat och d’Illustratiounen zum Buch gemoolt huet.

De 27. Abrëll um 16.00 Auer kennt d’Kënschtlerin Lisa Grosbusch an d’Bicherzelt fir aus hirem Kannerbuch D’Märelchen virzeliesen.

D’Märelchen féiert eis vum Wanter an d’Fréijoer, wéisst eis de Wiessel vun de Joreszäiten a bréngt eis méi no, wat eng Märel esou mécht.

Op den Aquarellmolereien gëtt et eng Rëtsch ze entdecken. Duerno gëtt et eng kleng Bastelgeleeëenheet zum Thema “Märel”.

Den Treffpunkt ass virum Bicherzelt am Bannenhaff vun der Kathedral.

 

Date:27.04.2024Time:16:00 till 17:00 o`clockRegister Until:24.04.2024Entry:Gratis

Iwwert e klengen Don géife mir eis freeën.
Location:Bannenhaff vun der Kathedrale

Rue Notre-Dame
L-2240 Luxembourg Ville
Information:info@ewb.luLanguage:LUTarget Audience:Kanner bis 6 Joer & Elteren oder Grousselteren