Events

Energie spueren Doheem – ABGESAGT!

ewb-gesellschaft

Wéi kann een de Stroum- oder Waasserverbrauch moossen? Wéi vill kascht en Tour an der Wäschmaschinn?

Réischt wann een e Gefill huet, wou Energie benotzt gëtt, kann ee wëssen wou et Sënn mécht, ze spueren. Mir kucken, wéi Smart Home funktionéiert, a wéi et eis hëllefe kann, de Konsum ze moossen a bildlech duerzestellen. Sou kënne mer eise Bedarf iwwerdenken an de Solarstroum optimal notzen.

Iwwerdeems kann Automatisatioun hëllefen, Ressourcen ze spueren. Dofir brauch ee keng sophisitiquéiert Informatik-Kenntnesser, just e puer Grondlagen. Et ginn fäerdeg Geräter, déi engem dat ofhuelen, an déi awer horrend deier sinn. Alternativen am Do-it-Yourself sinn awer do: Den Olivier Koos an de Lynn Bayer sinn säit enger gudder Zäit passionéiert am Thema Smart Home an Home Assistant amgaang an hunn eeneges u Wëssen ugesammelt – dat si gären op dësem Info-Owend weiderginn. Wéi kann ech mäin Auto just mat Solarstroum lueden? Wéini gëtt et am bëllegsten, d’Spullmaschinn lafen ze loossen?

Si weise praktesch, wéi dës Systemer funktionéieren a stelle sech gären mat Iech weider Froen.

Verpasst och net den Info-Owend zum Thema Waasserspueren den 29. Februar.

Date:01.02.2024Time:18:30 till 20:00 o`clockEntry:FreeLocation:ErwuesseBildung asbl

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luLanguage:LU