Events

Récke-Yoga mam Linda

ewb-koerpergeistseele

Ech sinn d’Linda a mat oppenen Äerm begréissen ech dech zum “Yoga fir de Réck” um Méindeg Owend.

Eng Mëschung vu verschiddene Yoga Asanas/Positiounen, déi zu engem de Réck stäerken, d’Wirbelsail ennerstëtzen an awer och déi néidesch Beweeglechkeet verbessere fir Komplikatioune virzebéien.

Meng Leidenschaft fir de Yoga hunn ech virun e puer Joer entdeckt, woubäi ech dann am Nepal nach eng Kéier d’Méijlechkeet hat de Yoga nach méi a séngen traditionellen Aspekter kännen ze léieren. Säit méi wéi 4 Joer ënnerriichte verschidde Yoga déi all hier eege bewonnerenswäert Effekter mat sech bréngen.

Wëlls du dengem Réck, dengem ganze Kierper a Geescht eppes Guddes, de Yoga a senger traditioneller Aart a Weis känne léieren, da bass du hei genau richteg.

Dates:17.04, 24.04, 08.05, 15.05, 22.05, 05.06, 12.06, 19.06, 26.06, 03.07, 10.07Time:18:30 till 20:00 o`clockEntry:242 € /
22 € pro Cours
Location:ErwuesseBildung Asbl

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luLanguage:LU