Events

Pen to brain

ewb-koerpergeistseele

Meditatiivt Zeechnen mam Myriam Otto

 

OPGEPASST: Dëse Workshop gouf annuléiert.

 

Am Pen to brain setze mir eis op eng kreativ Aart a Weis mam Thema Vertrauen auserneen.

No enger klenger Aféierung an d‘Method vum neurographeschen Zeechne leeë mir direkt lass: mat Hëllef vu fléissende Linnen, einfache Formen an e bëssche Faarf schaaft jidderee sech säi Bild zum Thema andeems ech iech duerch äre kreative Schafungsprozess leeden.

An enger gemittlecher Atmosphär kann een op eng aussergewéinlech Manéier fir e kuerze Moment de Kapp ausschalten, zur Rou kommen a sech eng kleng Auszäit vum Alldag gënnen. D’Neurographik bitt d’Méiglechkeet, op eng einfach an entspaante Manéier Virstellungen, Ziler an Häerzenswënsch ze formuléieren, dëst wärend enger aktiver Meditatioun. Entspanungsübunge rënnen d’Aktivitéit of.

Méi Informatiounen zum Myriam Otto a senger Aarbecht: https://kreativatelier.lu.

Dates:07.10, 14.10, 21.10Time:14:30 till 17:30 o`clockRegister Until:29.09.2023Entry:210 € / 3 Séancen

Kulturpass: 15 € / 3 Séancen
Location:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg