Events

Weekend vun den oppene Kierchen 2026

Lieux de mémoire

68 oppe Kierchen, déi Plaze vun der Erënnerung sinn. Mat Konferenzen, Ausstellungen, Concerten, Visitt guidéeën, …

www.oppekierchen.lu

Den Dépliant mat all den Aktvitéiten, Auerzäiten, Kierchen, déi matmaachen, a weideren Informatiounen kënnt Dir hei eroflueden. ⬇️

OUVERTURE vum Weekend

Uergelconcert mam Maurice Clement

REFLETS : Bach et Improvisation

Méchelskierch an der Stad | Freides, de 5. Juni um 18:00

KONFERENZEN zum Thema „Lieux de mémoire“

2. Weltkrichs Monumenter bei de Kierchen. Opbau vun enger Datebank 

Co-Organisateuren: MNHM, EwB.

De Musée National d’Histoire Militaire huet an enger Datebank all Monumenter vum 2. Weltkrich am Land. D’Zil ass nieft dem komplette Relevé och Biografien zu den eenzele Persounen, déi bspw. op de Monument aux morts stinn, ze erfuerschen a mam Monument ze verbannen.

Eeschweller/Wolz, Sa 15:00

Hei spillt d‘Kierch eng speziell Roll, well en amerikaneschen Zaldot an enger Fresk am Chouer integréiert ass als Apostel, deen d‘Brout verdeelt. Mam Benoît Niederkorn, Direkter MNHM, Erny Kohn, President CEBA, a Jacqueline Gudenburg, Por Wooltz Saints-Pierre-et-Paul.

Menster, So 15:00

Och an der Gemeng Betzder gëtt et eng Parti esou Monumenter, wéi z.Bsp. e Gedenksteen mat den Hellege Barbara a Willibrord, eng ongewéinlech Duerstellung mat vill Symbolik. Mam Benoît Niederkorn, Direkter MNHM, an dem Abbé Guy Diederich aus der Par Musel a Syr Saint-Jacques. Mat musikalescher Begleedung vun der Chorale Sainte-Cécile vu Menster.

Mat Iwwersetzung op Franséisch

Date:06.06.2026 - 07.06.2026Entry:gratisLocation:Am ganze Land