News

Konscht – Wat soll dat?

04.03.2025

E Réckbléck op e gesellegen Owend, gefëllt mat villen inspiréierende Gespréicher

D’Eventreih „Konscht – Wat soll dat?“ ass aus der Fieder vum Jacques Schmitz (fräischaffende Kënschtler) an dem Liz Lambert (Chargée de Communication an der EwB & Fotokënschtlerin) entstanen. Hiert Zil ass et, e Raum ze schafen, an deem jiddereen (!) Konscht erliewen an diskutéiere kann. D’Konscht soll erfahrbar sinn, no um Mënsch – an dëst am direkten Dialog mat de Konschtschafenden. D’Grenzen tëschent Public a Konschtwierker bzw. Kënschtler*innen sollen an dësem Format gebrach ginn. Hei däerf een sech trauen ze denken an ze äusseren, wat ee soss vläicht nëmme senger Frëndin um Heemwee vun der Expo seet.

Et geet drëm, d’Konscht als Kommunikatiounsmëttel an der Praxis ze testen — fort vun de wäisse Maueren an der Galerie, hin zum direkte Kontakt mat de Leit: Wat fir Froen, Associatiounen a Reaktioune kommen op?

Enn Februar huet eis éischt Editioun vu „Konscht – Wat soll dat?“ stattfonnt. Ageluede waren dës Kéier déi zwee Kënschtler Luan Lamberty a Jacques Schmitz. Unhand enger Selektioun vun hire Wierker, déi am Gank vun der EwB ausgestallt goufen, hu mir eis op eng virwëlzeg souwéi kritesch Rees gemaach. De Public huet sech interesséiert an engagéiert abruecht. Et gouf diskutéiert, wisou dat engt oder dat anert Bild ee perséinlech méi oder manner uschwätzt. Wéi d’Konscht eis eege Wierklechkeet spigele kann. Och gouf geäussert, wisou ee vläicht deen een oder anere Musée meit,  wéi eng Messagë Muséeën engem heiansdo bewosst oder onbewosst entgéint bréngen. Wisou Konscht heiansdo ofgrenzend wierkt.

Den Owend huet gewisen, dass e grousse Besoin do ass, fir méi iwwert Konscht ze schwätzen an se net just passiv ze betruechten. A mir hu festgestallt: Wa Leit aus ganz ënnerschiddleche Kontexter, mat ganz diversen Interessen a Wëssen, sech an engem oppenen a séchere Raum treffen, fir a Rou an ouni Jugement iwwert Konschtwierker ze kontempléieren, da kann eppes ganz Grousses an Inspiréierendes dorausser entstoen. Villmools Merci dofir!

E grousse Merci geet och un d’Nora Schleich (EwB), dat de ganzen Owend op eng locker a gläichzäiteg fokusséiert Aart a Weis moderéiert huet.

Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun, déi den 2. Abrëll stattfënnt. Hei wäerten d’Wierker vun de Kënschtlerinne Mia Kinsch a Liz Lambert gewise ginn an als Inspiratioun a Grondlag fir en Debat déngen. Méi Informatiounen zu deem Owend…

D’Wierker vum Luan Lamberty a vum Jacques Schmitz hänken nach bis Mëtt Mäerz an der EwB a kënnen ëmmer wärend eisen normalen Ëffnungszäite besicht ginn.

Projet Sapere Aude 2.0, mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Œuvre Nationale.