News

Palliativkultur – Fir e Liewensenn a Würd

02.04.2024

Enn Mäerz 2024 huet d’EwB eng Table Ronde organiséiert, déi sech dem Tabu Thema Palliativkultur zougewennt huet.

Krankheet? Doud? Stierwen? – Dat si keng Themen, iwwer déi een onbeschwéiert schwätzt. Heiansdo këmmert een sech och léiwer net ze vill dorëm. Mee et kommen awer Momenter am Liewen, do ass et onëmgänglech. Vläicht gëtt een, deen eis nosteet, ee Familljemember, schwéier krank, vläicht mir selwer, a wéi kann een dann déi lescht Momenter am Liewe gestalten, sou dass Autonomie a Würd vum Mënsch beuecht ginn?

Iwwert dës a vill weider Froen hunn de Palliativmediziner Dr. Bernard Thill, d’Nicole Weis (Directrice Omega90), d’Martina Thill (Psychologin Omega90) an de Roland Kolber (Mäi Wëlle Mäi Wee) ënnert der Leedung vum Nora Schleich (EwB) diskutéiert.

Palliativkultur – fir e Liewensenn a Würd
Palliativkultur – fir e Liewensenn a Würd

Den Owend huet e grousse Publik ugezunn. En Zeechen dofir, dass vill Diskussiounsbedarf besteet an de Sujet méi Raum an der Ëffentlechkeet brauch. Och an der Politik soll d’Thema Palliativkultur méi eescht geholl an enttabuiséiert ginn – sou den Appell aus dem Panel. An enger Gesellschaft an där Stierwen, Doud an Trauer keng wierklech Plaz (méi) hunn, sinn dëst allerdéngs keng einfach Ufuerderungen…

Palliativkultur – Fir e Liewensenn a Würd
Palliativkultur – Fir e Liewensenn a Würd
Palliativkultur – Fir e Liewensenn a Würd

De Video ass zur Table Ronde ass elo online! Kuckt Iech en un:

Palliativkultur – fir e Liewensenn a Würd