Buch

Snake – Total verpeilt

Bicher musse fir jiddereen zougänglech sinn. Dat hunn sech dräi Damme vun Numulis zu Häerz geholl. Hier Geschicht iwwert d’Schlaang Snake gëtt et a 56 Variatiounen mat der Auswiel tëschent dräi Sproochen a véier Liesniveauen. Déi grouss Besonneschkeet: Souguer d‘Schrëftformat ass wielbar. Vun Opendyslexik, iwwer Silbeneinfärbung bis zu de Markéierunge vun de „Sons muets” am Franséischen ass alles dobäi fir d’Liesen ze vereinfachen. Am Ufank erliichtere Silbenübungen a léif Illustratiounen, déi d’Haaptvokabelen verdäitlechen, d’Entrée an d’Geschicht. Och wann d’Story simpel strukturéiert ass, kann dëst Buch mat sengen Hëllefen een éischt Erfollegserliefnis am Liese bedeiten an esou déi éischt Sprass op der Leeder vun der Freed um Liese sinn.

Méi Infoen ënnert: numulis.lu.

Leslie Fischbach, Medienpädagogin der EwB

Ab 6 Jahren

Author:
Jeanne Didlinger, Noémie Nau, Pia Peters
Publisher:
Numulis
Genres:
Kinder