Chamarel les Barges
Nei Wunnforme – Äntwerten op sozial, demografesch a ekologesch Erausfuerderungen.
An enger Zäit, wou net nëmmen de Logement eng grouss Suerg vu ville Mënschen duerstellt, mee och de Verlaf vun der eegener Liewensgestaltung am Alter, engagéiert sech d’EwB mat der Beienhaus asbl, fir Sensibiliséierung an Informatioun zum Thema gemeinschaftlecht Wunne fir Senioren ze organiséieren.
An der EwB ass d’Thema Gemeinschaft een zentrale Punkt, genee sou wéi Liewensprojeten, d’Kenneléiere vu verschiddene Liewenswelten an d’Mateneen-Liewen. Mir sinn iwwerzeegt, dass Synergien ënnert de Mënschen déi gréisste Resonanz fir d’Wuelbefannen an d’Solidaritéit schafe kënnen – a setzen eis dofir gären an. Deemno wëlle mir och de Projet Beienhaus asbl bei eis invitéieren, fir sech virzestellen, a fir a Kooperatioun mat anere Formen vu Liewensgemeinschafte fir Senioren d’Bewosstsinn fir d’gemeinschaftlecht Wunne vu Senioren ze schärfen.
D’Info-Owender daueren 90 Minutten, dorënner fält eng kuerz Präsentatioun vu verschiddenen Initiativen. Virun allem soll d’Diskussioun tëscht de Leit ugereegt ginn.
D'Thema vun dësem Owend:
Chamarel les Barges (Lyon) – Notre coopérative : un lieu de vie, de choix et de lien
Weider Info-Owenter:
… an eng grouss Table Ronde de 26.11. zum Thema „Logement zu Lëtzebuerg – What else?„


5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luIn Zusammenarbeit mit:Beienhaus asblSprache:FR