Events

De Schoulsystem: Ee System, deen trennt, ee System, deen eent?

ewb-gesellschaft

Gespréichsronn

 

Mam Vera Dockendorf (Enseignante fir Däitsch a Vertriederin vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL) a mam Antoine Fischbach (Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire)

Moderatioun: Nora Schleich (EwB)

 

De Bildungssystem zu Lëtzebuerg zeechent sech duerch verschidde Schoumodeller aus a Léierweeër aus. Dëst soll Flexibilitéit an individuell Fërderung bidden, mee et werft och eng fundamental Fro op: Féieren déi vill ënnerscheedlech Weeër – vun der fréizäiteger Orientéierung bis hin zu de verschiddenen Sprooch- an Schoulmodeller – zu enger fairer Chancegläichheet?

An dëser Gespréichronn beschäftege mer eis mat der Struktur vum Schoulsystem. Kann d’Komplexitéit vun de Schoulmodeller sozial Écarte schléissen – oder zementéiert se éischter duerch déi vill verschidden Ufuerderungen an déi fréi Selectioun de soziale Status vun de Schüler*inne?

Trennt den aktuelle System duerch seng Vielfalt, oder schaaft en duerch déi Breet Offer ee gemeinsame gesellschaftlechen Nenner?

D’EwB invitéiert Iech alleguer, fir dës zentral Fro ze diskutéieren. D’Vera Dockendorf bréngt als Enseignante a Gewerkschaftsvertriederin d’Perspektiv vun der alldeeglecher Praxis mat. Den Antoine Fischbach liwwert als Expert vum Observatoire National déi wëssenschaftlech Siicht op de systemeschen Effekt vun de verschiddene Bildungsweeër.

In Kooperation mit: forum, UP_FOUNDATION & dem Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Weider Events am Kader vum Bildungsmonat März 2026

Datum:25.03.2026Zeit:18:00 bis 19:30 UhrEintritt:GratisAdresse:ErwuesseBildung Asbl

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luSprache:LU