Events

Influencer an hir radikal Illusiounen

ewb-gesellschaft

Eng Table Ronde an der Rei «300 Joer Opklärung – a wat kënnt elo?»

Selwer Denken, responsabel fir sech entscheeden, sech net vun engem Dogma ofhängeg maachen, dat waren d’Ziler vun der Opklärungsbewegung, déi sech virun 300 Joer konkretiséiert huet.

Mee net nëmmen deemools waren déi Iddie wichteg, och haut nach sinn se alldeeglech gefuerdert. D’Phenomener Internet a Sozial Medien hunn d’Verbreede vu Meenungen a perséinlechen Usiichten op eng impressionant Manéier beschleunegt. Sougenannten «Influencer», déi sech online präsentéieren an hir Meenung mat enger Abberzuel u Follower deelen, ginn et ëmmer méi a méi. Heiansdo schéngt awer do eng Grenz iwwerschratt, nämlech wa Contenu reegelrecht «verkaaft» gëtt, fir dass sech méiglechst vill Leit uschléissen. Wat ass, wann awer elo e kommerziellen Zweck dohannert stécht, deen net kommunizéiert gëtt? Oder wa ganz extrem Meenunge ganz perfid propagéiert ginn, fir Leit ze beaflossen, fir se ënnert sech ze versammelen, fir di «aner Siicht» ze verdäiwelen?

Ee Katalysator fir Spaltung, fir Verfriemung a virun allem fir d’Instrumentaliséierung vun engem Publique, deen de Moment verpasst, dat Gewisent ze hannerfroen. Ass dat wouer? Ass dat realistesch? Wat ass den Zweck vun deem Post? – stécht do vläicht een aneren Agenda hannendrun? Dat si Froen, déi ustrengen. An awer si mer eis déi selwer schëlleg.

Den 18. Januar diskutéiere mer doriwwer: «Influencer an hir radikal Illusiounen», ee Ronndëschgespréich organiséiert a Kooperatioun vun EwB, forum a respect.lu.

Um Panel begéine sech: Mira Sorrentino (respect.lu), Charlotte Pull (ZEV), Leslie Schmit (Youtuberin) an Nora Schleich (Programmkoordinatrice EwB).

Datum:18.01.2024Zeit:18:30 UhrEintritt:gratisAdresse:ErwuesseBildung Asbl

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luSprache:LU / FR