Krixkrax: Liesung mam Marc Weydert
Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis & Publikumspräis an der Kategorie „Kannerbuch“
Den 11. Januar liest den Auteur Marc Weydert aus sengem Billerbuch Krixkrax vir.
De Kinnek huet eng lusch Krankheet, iwwerall op sengem Kierper tauche faarweg Tëppelen op! Keen weess sech ee Rot. Aus dem Grond wëllen se d’Hex Krixkrax em Rot froen. Mee déi sëtzt uewen an hirem Tuerm, ganz ofgeschott vun all deenen aneren an d’Bewunner vum Kinnekräich versiche mat deene verschiddensten Iddie bei si erop ze kommen. Schlussendlech fënnt ee Kand eng ganz effektiv, wei och einfach Léisung. Mee méi soll net verrode ginn.
Krixkrax huet am November de Lëtzebuerg Buchpräis 2025 am Beräich Kanner- a Jugendbuch, esou ewéi de Publikumspräis gewonnen an iwwerzeegt mat sengen ureegende Reimen an detailräiche Biller, déi hier ganz eege Geschicht erzielen.
D’Biller vun dësem Buch sinn an der EwB vum 10. Januar – 24. Januar ausgestallt. Ëffnungszäiten: Mé-Do, 10-12 Auer & 14-16 Auer


Rahmenprogramm
5, avenue Marie Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luIn Zusammenarbeit mit:A Cooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.Zielgruppe:4-7 JoerMaximale Teilnehmer:15




