Events

„Léiwen Zinniklos“

Niklosduerstellungen an -traditiounen am ganze Land

Eng Konferenz mam Historiker Tom Zago

 

  • De 17.11., 17.30: an der Stad an der EwB (5, av. Marie-Therèse (Entrée G)) | no der Inauguratioun vun der Niklos-Expo um 16.00 Auer an der Kathedral

 

  • De 25.11., 19.00: zu Dikrech am Festsal vun der Grondschoul, place des Écoles | no der Inauguratioun vun der Niklos-Expo um 18.00 Auer an der Porkierch

Zënter Juli 2019 ass den « Niklosdag » um nationalen Inventaire vum Immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg. Dëst ass eng vu villen Initiativen, zu Lëtzebuerg an och an der Groussregioun, déi dësen ale Brauch erhale wëllen. Frankräich huet schonn am November 2018 dës traditiounsräich Feier an den Inventaire Français du Patrimoine Culturel Immatériel opgeholl. Zwou Initiativen, déi beweisen, datt et hei ëm eng ganz lieweg Traditioun geet.

Mä den Niklosdag a säin eigentleche Protagonist, den Hl. Nikolaus vu Myra,
hu sech iwwert d’Joerhonnerten verännert an ugepasst. Jo, se stoungen ëmmer am enken Rapport mat där Gesellschaft, an där dëst Fest gefeiert gouf a gëtt.

De Virtrag versicht iwwer eng kloer visuell Approche eegen Äntwerten op zentral Froen ze fannen:  Wéi huet dëst Fest évoluéiert? Wat sinn déi grouss Traditiounen vun der Niklosduerstellung an u wat erkennt en hei d’Entwecklung an och d’Musteren?  Wéi gesäit déi archetypesch Duerstellung vum Hl. Nikolaus aus oder kann en iwwerhaapt vun enger eenzeger Hellegenduerstellung schwätzen? Musse mer net kloer trennen tëscht dem fréichrëschtlechen Hellegen a senge méi moderne Varianten, dem Kleeschen an dem faméise Santa Claus?

mam Historiker Tom Zago, BnL

 

 

Fräien Entrée, et brauch ee sech net unzemellen.

Hei kënnt Dir de ganze Programm (mat Konferenzen, Visite-guidéeën, Workshoppe, Quiz, Matsangen…) zur Niklos-Expo eroflueden:

Termine:17.11, 25.11Eintritt:FreiIn Zusammenarbeit mit:Bibliothèque nationale du Luxembourg, Kathoulesch Kierch zu LëtzebuergSprache:LU