Events

Bëschbueden mat Konschtimpulser am Hierscht

ewb-koerpergeistseele

Mat WildchildHolistesch Naturerfarung mam Jessica Desorbay

Den Hierscht invitéiert eis, méi lues ze ginn. D’Natur zitt sech lues a lues zeréck a weist sech nach eng Kéier an hire schéinste Faarwen. Genee wéi de Bësch seng Blieder fale léisst, dierfen och mir lassloossen – Stress, Gedanken a Saachen, déi eis net méi déngen.

Zesummen tauche mir mat alle Sënner an de faarwege Bësch an, genéissen dat eenzegaartegt Spill vun de Faarwen, lauschteren op d’Kläng vun der Natur a fänken déi lescht waarm Sonnestrale vum Joer an. Mat rouegen Opmierksamkeetsübungen an inspiréierende Konschtimpulser schafe mir Raum fir Rou, Kreativitéit a Verbannen eis mat der Natur.

Komm mat a schenk Dir eng kleng Auszäit am gëllenen Hierscht!

D‘Jessica Desorbay ass Naturguide, Achtsamkeitstrainerin souwéi Wëllplanzen- a Wildnispädagogin. Sie verbënnt alt Wësse mat moderner Naturpädagogik, begleet Mënschen a schaaft Räim, fir sech iwwert d’Natur nees selwer méi no ze kommen.

Datum:30.09.2026Zeit:17:30 bis 19:30 UhrEintritt:gratisAdresse:Stroossen beim FräiheetsbamInformation:info@ewb.luIn Zusammenarbeit mit:WildchildSprache:LU