Events

My best friend AI

ewb-gesellschaft

Wann Kanner mat ChatGPT iwwert hir Problemer schwätzen

Diskussiounsowend

2026 – Am Zäitalter vun der Digitaliséierung wuessen d’Kanner an enger Welt op, an där d’Alexa-Stëmm Märecher virliest, den ChatGPT bei den Hausaufgaben hëlleft oder gedëlleg mat engem Spiller erfënnt. De Beräich vun der sozialer Interkatioun ass also tatsächlech och vun de Softwaren erobert ginn.

Ëmmer méi Kanner a Jugendlecher (an am Fong och Erwuessener) notzen d’KI-Modeller awer och, fir perséinlech Problemer ze diskutéieren, den Alldag, d’Bezéiung, Ängscht… wat heescht dat fir d’Entwécklung vun der Persoun? Fir eis all als Akteur vum soziale Mateneen?

D’Charlotte Pull (Psychotherapeutin vum ZEV) an d’Nora Schleich (Philosophin an Leedung vun der EwB) beliichten d’Erausfuerderungen fir d’Famillen an d’Gesellschaft. Et ass zum engem d’psychologesch Vue: Wéi geet dat iwwerhaapt, dass Kanner eng Bindung zu net-mënschleche Wiesen opbaue? Wéi eng Roll spillen d’Elteren dobäi, si als „Bindungsanker“ an enger techniséiert Welt? Mee et kann een och philosophesch froen: Wat ass de gesellschaftlechen Erzéiungsoptrag? Wéisou delegéiert een d’sozial Interaktioun un ee Programm?

 

Dësen Event ass fir jidfereen, fir Eltere, Pedagog*innen, Interesséierter… fir iwwert de verantwortungsvollen Ëmgang mat emotionaler KI ze diskutéieren a Strategien unzedenken, fir d’mënschlech Ver-Bindung am digitalen Zäitalter net ze vergiessen.

Dësen Event ass een Deel vum Projet „Digitale Dialektik. Soziophilosophische Diskussionen zur vernetzten Lebenswelt“, ënnerstëtzt vun der Œuvre Nationale.

Datum:28.10.2026Zeit:18:30 bis 20:00 UhrEintritt:gratisAdresse:Eltereforum BettembourgInformation:info@ewb.luIn Zusammenarbeit mit:EltereforumSprache:LU