Events

Palliativkultur – fir e Liewensenn a Würd

ewb-gesellschaft

Eng Table Ronde zu engem Tabu-Thema

Den Tabu-Themen Zyklus ass dofir do, fir schwiereg Themen, déi an der Gesellschaft awer alldeeglech sinn, unzeschwätzen. Dëst, fir Bewosstsinnsaarbecht ze leeschten, e Raum fir Austausch ze bidden a fir Berodung ze fannen.

Am Mäerz gëtt an der EwB d’Thema Mënschewürd och a Bezuch op d’Liewensenn diskutéiert. D’Palliativmedizin a -kultur sinn dobäi wichteg Elementer. Wéi kann een aus medezinescher Siicht e Liewensenn a Würd garantéieren? Wat heescht et, een „goen ze loossen“, dat Onausweechlecht net onnéideg erauszezögeren? A wéi kann de Kader fir ee wierdevolle leschte Wee gestalt ginn?

Um Gespréich huelen ë.a. den Dr. Bernard Thill, d’Nicole Weis (Omega90), den Jean-Jacques Schonckert (Mäi Wëlle Mäi Wee) deel. Moderéiert vum Nora Schleich (EwB).

Ëm eng Umeldung gëtt gebieden, dëst iwwer info@ewb.lu bis den Dag selwer.

 

Datum:28.03.2024Zeit:18:15 bis 19:45 UhrAnmeldung bis:28.03.2024Eintritt:D’Entrée ass fräi, iwwert ee klengen Don freeë mir eis.Adresse:ErwuesseBildung asbl

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luSprache:LU