Events

Vernissage « Art Africain – le paysage du Sénégal »

ewb-gesellschaft

De Kënschtler Seydina Issa Mbaye präsentéiert seng Wierker ab dem 10.6.–10.7.23 an der ErwuesseBildung. Seng Konscht weist afrikanesch Landschaften a Personnagen, heiansdo abstrakt an heiansdo ganz konkret – virun allem awer: voller Faarf a Liewen.

Op der Vernissage den 10. Juni um 1 8 Auer erzielt de Kënschtler iwwert säi Land de Senegal a seng Konscht. Dozou bréngt hien senegalesescht Snacks a Gedrénks mat – fir all d’Sënner ass deemno eppes dobäi!

Seydina Issa Mbaye

De Seydina Issa Mbaye ass en autodidaktesche Moler a Kënschtler, deen am Senegal gebuer gouf. Säi Molstil ass zäitgenessësch mat enger Tendenz an d’Abstraktioun. Grell a waarm Faarwen zéien sech duerch all seng Biller. Seng Wierker spigelen souwuel säin heiteren wéi och säi reflektéierte Charakter erëm.

Well am jonken Alter huet de Seydina seng Passioun fir d’Zeechnen entdeckt. A senger Konscht dréckt de Seydina seng Léift fir Afrika aus. Den Ozean an d’Waasser hunn et him besonnesch ugedoen – Elementer, déi oft a senge Wierker opdauchen. Ausserdem fanne sech a senge Biller heefeg Mustere vun afrikaneschen Kleedungsstofter erëm. Seng Biller sollen net just eng Fënster duerstellen, duerch déi e Bléck op dat senegalesescht Liewen um Land gewonne gi kann. Et ass och fir de Moler selwer eng Méiglechkeet, fir de Kontakt mat senger Heemecht a sengem perséinleche Vécu ze halen. Den Drang ze molen entsteet, well dat senegalesescht Ëmfeld lieweg bleiwe soll an hien weiderhin dréit. Dës Energie vum Art Africain huet him schon dacks gehollef, aus Momenter vun Allengsinn, Trauregkeet oder op der Rees auszebriechen a säin Doheem duerch d’Faarw nees ze erliewen.

Och wann dem Seydina seng Heemecht säi kënschtlerescht Schafen staark beaflosst, sou huet hien sech awer Europa als Liewensmëttelpunkt erausgesicht. 11 Joer huet hien zu Rimini an Italien gewunnt éier säi Wee hien a Lëtzebuerg verschloen huet. Eigentlech wollt hien hei just kuerz Paus maachen – aus där Paus ass mëttlerweil e sechs-järegen Openthalt ginn. Gäeren denkt hien driwwer no, irgendwann nees an de Senegal ze goe fir nach méi Technike vun den heemesche Kënschtler ze léieren.

 

Ëffnungszäiten: Me-Fr, 13h00-17h00

 

Datum:10.06.2023Zeit:18:00 UhrEintritt:FreiAdresse:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.lu