Events

Wien ass d’Beienhaus asbl?

ewb-gesellschaft

Nei Wunnformen – Äntwerten op sozial, demografesch a ekologesch Erausfuerderungen.

An enger Zäit, wou net nëmmen de Logement eng grouss Suerg vu ville Mënschen duerstellt, mee och de Verlaf vun der eegener Liewensgestaltung am Alter, engagéiert sech d’EwB mat der Beienhaus asbl, fir Sensibiliséierung an Informatioun zum Thema gemeinschaftlecht Wunne fir Senioren ze organiséieren.

An der EwB ass d’Thema Gemeinschaft een zentrale Punkt, genee sou wéi Liewensprojeten, d’Kenneléiere vu verschiddene Liewenswelten an d’Mateneen-Liewen. Mir sinn iwwerzeegt, dass Synergien ënnert de Mënschen déi gréisste Resonanz fir d’Wuelbefannen an d’Solidaritéit schafe kënnen – a setzen eis dofir gären an. Deemno wëlle mir och de Projet Beienhaus asbl bei eis invitéieren, fir sech virzestellen, a fir a Kooperatioun mat anere Formen vu Liewensgemeinschafte fir Senioren d’Bewosstsinn fir d’gemeinschaftlecht Wunne vu Senioren ze schärfen.

D’Info-Owender daueren 90 Minutten, dorënner fält eng kuerz Präsentatioun vu verschiddenen Initiativen. Virun allem soll d’Diskussioun tëscht de Leit ugereegt ginn.

D'Thema vum éischten Owend:

Wien ass d’Beienhaus asbl?

  • Selbstbestëmmt wunnen a gutt aal ginn
  • Eng konkret Realisatioun: Villa Lorenz

Weider Info-Owenter:

… an eng grouss Table Ronde de 26.11. zum Thema „Logement zu Lëtzebuerg  – What else?

Datum:01.10.2025Zeit:18:00 bis 19:30 UhrEintritt:gratisAdresse:ErwuesseBildung Asbl

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luIn Zusammenarbeit mit:Beienhaus asblSprache:LU