Zauberschoul am Bësch
Inspiréiert un enger brittescher Zauberfigur dréit sech dësen Nomëtteg ëm Zauberei! Wien an der Schoul ugeholl wëll ginn, muss vir d’éischt emol beweisen, wat e kann. No enger Schnitzeljuegd am Bëschgeet et weider an Atelieren, an deene Kanner an Erwuessener sech a magesche Fächer ausprobéieren dierfen. Wann alles gepackt ass, kënnt d’Festiessen (mat veganen Optiounen) an den Dag kann a Rou auskléngen.
Opruff: Mir siche Benevoller fir ee magesche Famillennomëtteg!
Sidd Dir Fan? Oder spruddelt Dir vun Iddien? Hutt Dir Loscht Famillen, oder souguer Är eege Famillen duerch een Nomëtteg voller Zauber, Spiller a Magie ze begleeden? Egal op Zaubertränk brauen, Quidditch-Schidsrichter ginn oder eis mat gudder Laun ënnerstëtzen…mir freeën eis op Iech!

Erwuessener: 7 EuroAdresse:Haasseler ChaletInformation:info@ewb.luSprache:Luxemburgisch, Deutsch, Französisch, EnglischTrainer*in:Leslie FischbachZielgruppe:Eltern mit Kindern zwischen 4 und 11 Jahren