Konferenz zum Thema „Lieux de mémoire“ zu MENSTER
2. Weltkrichs Monumenter bei de Kierchen. Opbau vun enger Datebank
Co-Organisateuren: MNHM, EwB.
De Musée National d’Histoire Militaire huet an enger Datebank all Monumenter vum 2. Weltkrich am Land. D’Zil ass nieft dem komplette Relevé och Biografien zu den eenzele Persounen, déi bspw. op de Monument aux morts stinn, ze erfuerschen a mam Monument ze verbannen.
Zu Menster:
Och an der Gemeng Betzder gëtt et eng Parti esou Monumenter, wéi z.Bsp. e Gedenksteen mat den Hellege Barbara a Willibrord, eng ongewéinlech Duerstellung mat vill Symbolik.
Mam Benoît Niederkorn, Direkter MNHM, an dem Abbé Guy Diederich aus der Par Musel a Syr Saint-Jacques.
Mat musikalescher Begleedung vun der Chorale Sainte-Cécile vu Menster.
Mat Iwwersetzung op Franséisch

Méi Informatiounen zum Weekend vun den oppene Kierchen 2026 fannt Dir hei.





