News

Influencer an hir radikal Illusiounen

30.01.2024

De Video zur Table Ronde ass online!

Den 18. Januar huet d’EwB a Kooperatioun mam forum a respect.lu eng Table Ronde organiséiert, an där  Fro opgeworf ginn ass, a wéi weit Influencer*innen hautzudaags ee Katalysator fir Spléckung, Verfriemung an Instrumentaliséierung kënne ginn.

Um Panel souzen d‘Mira Sorrentino (respect.lu), d‘Charlotte Pull (ZEV) an d‘Leslie Schmit (Youtuberin). Moderéiert gouf vum Nora Schleich (EwB).

Wat ass iwwerhaapt en*g Influencer*in? Wéi erreechen si hire Publique? Wouduerch kréien si sou eng Muecht? Wisou si mir eigentlech sou ufälleg, Influencer*innen ze verfalen? Wéi kann een sech selwer an den Déifte vu Social Media schützen? Op wat muss een oppassen? An: Sinn Influencer*innen eigentlech en neit Phänomen?

Dës an nach vill méi Froe goufen diskutéiert. Interesséiert? Da kuckt Iech hei de ganze Video vun der Table Ronde un:

Influencer an hir radikal Illusiounen