News

Info-Lunch zum neien ASBL-Gesetz an der EwB

25.09.2023

Den 21. September hat d’EwB  zu engem Info-Lunch zum neien ASBL-Gesetz agelueden. Präsentéiert gouf d’Gesetz vum Rapporteur Charles Margue. Vill Vertrieder*innen vu verschiddenen ASBL’en sinn dëser Invitatioun nokomm.

Op eng einfach verständlech Aart a Weis huet de Charles Margue déi wichtegst Ännerungen erkläert. D’Gesetz ass schonn a Kraaft getrueden, gesäit awer fir bestoend Veräiner eng Iwwergangsfrist vun 2 Joer vir, fir sech un déi nei Reegelen unzepassen. Dëst soll de Veräiner d’Geleeënheet bidden, hier Statuen genau ze iwwerpréiwen a Verännerungen duerchzeféieren, déi duerch dat neit Gesetz méiglech gi sinn, wéi z.B. d’Organiséiere vun Online-Veranstaltunge vum Verwaltungsrot oder der Generalversammlung.

 

Eng Iwwersiicht vun de Gesetzesännerunge fannt Dir hei.

​Links zu den Dokumenter an zum Gesetzestext sinn op der Homepage vum Justizministere ze fannen.

Charles Margue
Charles Margue