News

Kultur-Lese-Reise zur Leipziger Buchmesse

07.05.2023

Endlech… no 3 Joer huet nees eng „normal“ Leipziger Buchmesse stattfonnt.

D’ErwuesseBildung war mat engem klenge Grupp dohin a gouf net enttäuscht!
Vill an interessant Literatur, spannend Virträg, Ronndësch-Gespréicher, Liesungen a Begéinungen hunn eis do erwaart.

E groussen Akzent louch op dem aktuellen Thema „ChatGPT“  „KI“–  dem Impakt op d’Welt vun der Literatur“.

Donieft och ganz interessant waren Diskussiounen iwwert  „D’Wichtegkeet vu Liesfërderung – och schonn bei ganz klenge Kanner“.

An net ze vergiessen: d’Manga- a Comic-Szen, déi ëmmer méi e grousse Stellewert op der Buchmesse genéisst.

An… Leipzig ass eng super Stad, déi sou vill ze verzielen huet.

 

Danielle Mertes, Aarbechtsgrupp „Kannerbicher“