“… und machten aus ihr ein Marienvolk.”
D‘Oktave am Kontext vu reliéisen a politesche Konflikter
E Concert-Virtrag vum Guy Schons
Zesumme mat de weltlechen a kierchlechen Autoritéiten hunn d’Jesuitten zënter dem 17. Joerhonnert derfir gesuergt, datt – esou de Jesuittepater Pierre Wiltz – e “Marienvolk” aus onser Bevëlkerung ginn ass. Am Concert-Virtrag gëtt d‘Geschicht vun der Veréierung vun der Muttergottes an der Oktave vum 17. bis an d’20. Joerhonnert. Wéinst hirer politescher Funktioun stoung d’Oktave méi ewéi eemol am Kräizfeier vun der Kritik.
De Guy Schons, gebuer 1950 zu Lëtzebuerg, ass e fräischaffende Sänger, Gittarist a Kulturhistoriker. 1975 huet en den Ensemble “Dullemajik” gegrënnt an zënterhier eng Rei LPën an CDë mat Vollekslidder an -dänz aus Lëtzebuerg an onsen Nopeschlänner publizéiert. Ausserdeem huet de G. Schons Artikelen a Fachzäitschrëften an e puer Bicher iwwert d’Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg an Europa vum Mëttelalter bis an d’20. Joerhonnert verëffentlecht.”
Et brauch een sech net unzemelden.
5 avenue Marie-Thérèse (Entrée G)
L-2132 LuxembourgInformatioun:info@ewb.luSprooch:LU