Eventer

Konscht – Wat soll dat?

ewb-gesellschaft

En oppenen Debat tëschent Konschtschafenden a Public

Et gëtt vill Blabla ëm dat, wat Konscht ass, wéi eng Roll se an eiser Gesellschaft anhëlt a wat fir eng Funktiounen se erfëlle soll. Am Idealfall kann d’Konscht eppes ausdrécken, wat iwwert aner Kanäl net auszedrécken ass. Si ka beréieren, iwwerraschen, ofschrecken, begeeschteren, langweilen, sozialkritesch sinn … — sou wäit sou gutt, zumindest an der Theorie. Oder ass dat a Wierklechkeet alles just waarm Loft?

D’Ausstellungsraim bleiwen oft steril a suggeréieren eng Distanz. Kritesch Froen a Bemierkunge sinn hei net ubruecht. Dës Grenze probéiere mir mat eisem Format ze briechen: Hei däerf een sech trauen ze denken an ze äusseren, wat ee soss just sengem Kolleeg um Heemwee vun enger Expo seet.

Mir brénge Konschtschafender an hire Public zesummen an testen d’Konscht als Kommunikatiounsmëttel an der Praxis — fort vun de wäisse Maueren an der Galerie, hin zum direkte Kontakt mat de Leit: Wat fir Froen, Associatiounen a Reaktioune kommen op?

Mir invitéieren op en onkonventionellen Owend: Jeeweils zwee Konschtschafender weisen eng Selektioun u Wierker, unhand vun deene mer eis op eng virwëlzeg souwéi kritesch Rees maache ronderëm d’Fro: Wat soll dat Ganzt iwwerhaapt?

E spezifescht Virwëssen ass net néideg. Jiddereen, deen sech ugesprach fillt, ass Wëllkomm!

Éischten Owend: 26.02. | 18.30–20.00

Mam Luan Lamberty a mam Jacques Schmitz

Untitled, 2021, Ueleg op Leinwand, 105 x 145 cm

Luan Lamberty | 1988 gebuer. Diplom der Bildenden Künste vun der Hochschule für Künste Bremen. 2018-2019: Master-class Student vun der Prof. Heike Kati Barath un der Universität Bremen. Hien huet den Andreas Neumann Präis 2022/2023 gewonn. |  Hien interesséiert sech fir sozial Interaktiounen a Kierpersprooch: “Dans son œuvre, les figures deviennent expressions non verbales renvoyant maintes émotions et proposant des correspondances à travers leurs gestes et leurs postures.” | Méi iwwert hie gewuer ginn…

Jacques Schmitz | 1990 zu Lëtzebuerg gebuer. Beaflosst vu Wierker aus dem Denken vum ExpressionismusDadaismus an der Neuen Sachlichkeit an der Literatur a Molerei. Studium an der Germanistik an der Philosophie zu Köln mat Schwéierpunkt op den Avantgarde-Kënschtler an de griicheschen Philosophen. | Verschidden artistesch Aktivitéiten, Ausstellunge vun Tablo’en a Schreiwe vu Gedichter an Theaterdréibicher. | Hien ass en aktive Member vum AAPL an dem ARC. Hie lieft a schafft als Kënschtler a Schrëftsteller zu Lëtzebuerg. | Méi iwwert hie gewuer ginn…

Jacques Schmitz: Heescheverbuet. Or how we learned to close our eyes. Ueleg op Leinwand 120x160. 2024

Projet Sapere Aude 2.0, mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Oeuvre.

Datum:26.02.2025Zäit:18:30 bis 20:00 AuerEntrée:gratisAdress:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Informatioun:info@ewb.luSprooch:LU