Opklärung an hir Kritiker
Philosophie am Gespréich
D’Opklärer haten ee Bild vun enger opgekläerter Gesellschaft – mee war dat wierklech ee Bild fir jiddereen? Wéi ee Recht hate si, fir dat Bild jidderengem fërmlech als Ideal ze octroyéieren? D’Kritiken un verschiddene, bal schon iwwergrëffege Konzeptiounen, déi dach méi ausgrenzend waren, wéi ee mengt, ginn et der sëllegen. Wéi eng Widderspréch huet d’Opklärungsbewegung mat sech bruecht?
Dëst ass een Event am Kader vun der Reih „Opklärung – 300 Joer, a wat kënnt elo?“, déi a Kooperatioun mam forum stattfënnt.
Ee Riiseprojet huet virun 300 Joer stattfonnt; d’Gesellschaft sollt sech eegemächteg hirer Vernonft bedéngen an dat eegent Potenzial entdecken a fërderen; dat humanistescht Mënschheetsbild war den Ideal. Mee huet dat geklappt? War et net vläicht awer een ze iwwergrëffegt Zil, dat aner Kulturen erofsetzt, obwuel den Universalismus héich gehale gouf? Wou sti mer haut, 300 Joer dono, am Zäitalter vun Deep Fake a Cancel Culture? A wat ass mam Kant, dem gréissten Denker aus der deemoleger Zäit – passe seng Reflexiounen nach an eng Welt, an där sou villes anescht ginn ass?
Den emeritéierte Philosophieprofesser Robert Theis an d’Nora Schleich ënnerhale sech iwwer d’Ufäng an d’Iddien vun der Opklärung an hirt eigentlecht Gesiicht. Dozou gi kuerz Textpassage gelies a mam Publique am gemittleche Kader diskutéiert.
- Weidert Event aus der Reih „Opklärung – 300 Joer, a wat kënnt elo?“: Opklärung, hir Iddien an Ufäng (26/10/23)
Mir freeën eis iwwert ee klengen Don.Adress:ErwuesseBildung
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformatioun:info@ewb.luA Kooperatioun mat:forumSprooch:LU