Eventer

Opklärung, hir Iddien an Ufäng

ewb-gesellschaft

Philosophie am Gespréich

Ëm wat ass et bei der Opklärungsbewegung, de Lumières, dem Enlightenment eigentlech gaangen? Wéi eng Iddien an Idealer waren zentral, a wien huet sech zu wéi engem Ulooss deem Projet gewidmet?

Dëst ass een Event am Kader vun der Reih „Opklärung – 300 Joer, a wat kënnt elo?“, déi a Kooperatioun mam forum stattfënnt.

Ee Riiseprojet huet virun 300 Joer stattfonnt; d’Gesellschaft sollt sech eegemächteg hirer Vernonft bedéngen an dat eegent Potenzial entdecken a fërderen; dat humanistescht Mënschheetsbild war den Ideal. Mee huet dat geklappt? War et net vläicht awer een ze iwwergrëffegt Zil, dat aner Kulturen erofsetzt, obwuel den Universalismus héich gehale gouf? Wou sti mer haut, 300 Joer dono, am Zäitalter vun Deep Fake a Cancel Culture? A wat ass mam Kant, dem gréissten Denker aus der deemoleger Zäit – passe seng Reflexiounen nach an eng Welt, an där sou villes anescht ginn ass?

Den emeritéierte Philosophieprofesser Robert Theis an d’Nora Schleich ënnerhale sech iwwer d’Ufäng an d’Iddien vun der Opklärung an hirt eigentlecht Gesiicht. Dozou gi kuerz Textpassage gelies a mam Publique am gemittleche Kader diskutéiert.

 

Datum:26.10.2023Zäit:18:00 bis 19:30 AuerUmelle bis:25.10.2023Entrée:gratis

Mir freeën eis iwwert ee klengen Don.
Adress:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Informatioun:info@ewb.luA Kooperatioun mat:forumSprooch:LU