Nora Schleich
07.04.2023Promovéiert an der Philosophie, a Kultur, Konscht a Gesellschaft täteg. Säit 2022 am Team vun der EwB. D’Nora Schleich këmmert sech em de Programm an em déi konzeptuell Ausriichtung vun der EwB.
Promovéiert an der Philosophie, a Kultur, Konscht a Gesellschaft täteg. Säit 2022 am Team vun der EwB. D’Nora Schleich këmmert sech em de Programm an em déi konzeptuell Ausriichtung vun der EwB.
Eisen neie Bulletin ass do. Dodra fannt Dir all d’Course, d’Eventer an d’Ateliere fir déi kommend Méint (Januar bis Mäerz 2025).
Direkt am Januar fänkt e Crashcours zu de „Fënnef Weltrelioune” statt an am Fréijoer start eng spirituell Online-Reesbegleedung vum a mam Jean Leyder, dem Grënner vun der EwB. De Mäerz steet dëst Joer ganz am Zeeche vun der Bildung. Gläich zwee grouss Gespréichsowenter sinn deem Thema gewidmet. An de kommende Méint erwaarden Iech ausserdeem verschidden Aktivitéiten zur Kënschtlecher Intelligenz. Net ze vergiessen ass natierlech eis i-Stuff, déi nees e prall gefëllte Programm virzeweisen huet. A Famillje kënne sech op Abenteuer an der Natur, Kinozauber, Liesunge mat Hënn a villes méi freeën.
Vill Spaass beim Duerchbliederen!
Dir kënnt Iech de Bulletin och Heem liwwere loossen. Schéckt eis einfach eng E-Mail op info@ewb.lu oder rufft eis un. D’Telefonsnummer ass 44743 340.