News

Table Ronde zum Tabu Thema Medien- a Computerspillsucht

30.06.2023

Den 28. Juni 2023 ass eisen Tabu Themen-Zyklus mam Thema „Medien- a Computerspillsucht“ an déi 3. Ronn gaangen.

Wéini gëtt „Online sinn“ zu engem Problem? Ab wéini ass ee süchteg? All Dag gëtt gechatt, gepost a gescrollt. Mir maache Fotoen, lauschtere Musek an erleedegen sou munches mam Smartphone. Heiansdo gëtt et extreem, da kann een net méi anegt wéi déi ganzen Zäiten um Handy ze sinn oder op de Computer ze starren. Duerch d’Corona-Zäit ass den digitale Mediekonsum bemierkbar geklomme. D’Sucht no Verbonnenheet, no Gesellschaft an Oflenkung ass bei eis ukomm.

Bei dëser Table Ronde hunn sech Expert*innen aus dem Beräich Mediesucht getraff fir gemeinsam iwwert exzessiivt Videospillen, Handy- an Internetsucht ze diskutéieren. Um Dësch souzen den Dr. Andreas König (Direkter vum ZEV), d‘Charlotte Reuter (Duechter vun engem Betraffenen), d‘Charlotte Pull (Psychotherapeutin) an den Thierry Tap Porcedda (Video-Game-Analyse). Moderatioun: Nora Schleich

Wann Dir Froen zu deem Thema oder soss ee Gespréichsbedarf hutt, da mellt Iech gäre bei eis: nora.schleich@ewb.lu.