Buch

D’Märelchen

Aus der Fieder vum Paul Schmitz an der Illustratrice Lisa Grosbuch staamt d’Kannerbuch „D’Märelchen“. An beandrockenden Aquarellzeechnungen féiert eis de schwaarze Villchen aus der kaler Wanterlandschaft eran an dat faarwegt Fréijoer. Fir dat d’Virliesen och Spaass mécht, ass d’Geschicht a Reimer verzielt.

Geschéckt huet d‘Illustratrice Detailer ewéi de Wuesstum vun der Schnéigläckelchen oder verschidden heemeschen Déieren an Insekten an d’Biller agebonnen. Eng erfrëschend Ofwiesslung vum minimalistesche Stil vu ville moderne Billerbicher.

De 27.04 (16.00) hält d’Lisa Grosbusch am EwB-Bicherzelt (am Bannenhaff vun der Kathedral) eng Liesung, begleet gëtt dat ganz mat enger Bastelaktiviéit fir Kanner (2–5 Joer). Mei Informatiounen fannt Dir hei.

Leslie Fischbach, EwB

Autor:
Paul Schmitz & Lisa Grosbusch
Veröffentlichung:
2023
Seitenanzahl:
12
Genres:
Für die Kleinen