News

Ureegend Table Ronde zum Tabuthema IESSSTÉIERUNGEN – Video ass online

03.02.2023

Eisen Zyklus Tabuthemen geet mam Thema Iessstéierung(en) an déi 2. Ronn.

An dësem Zyklus schaffe mir Themen op, déi nach ëmmer net wierklech vun der Gesellschaft esou däitlech wouergeholl ginn, wéi se eigentlech missten. Et geet eis ëm eng verstäerkte Bewosstsinnsaarbecht: Iessen ass fir vill Leit selbstverständlech, mee fir anerer e richtege Problem, dee grave kierperlech Folge kann hunn an esouguer zum Doud féiere kann. Wat awer eng Iessstéierung ass, oder wéini et eng ass, ass net kloer. Et ass fir de Betraffene selwer schwéier ze gräifen a fir baussestoend Leit nach vill méi.

Mir hu mam Pannel aus 4 Experten a mam engagéierte Publikum d’Thema Anorexie a Co. reflektéiert, Erfarungen ausgetosch an den Tabu e bëssen enttarnt.

Um Dësch souzen d’Céline Genson (Diéticienne), d’Claudia de Boer (Psychotherapeutin), d’Gaby Stein (Mamm vun enger fréierer Betraffener) an de Steve Goerend (fréiere Betraffenen). D’Gespréich gouf vum Nora Schleich moderéiert.

 

Kuckt de Video elo op eisem Youtube Channel!