News

Weekend vun den Oppene Kierchen 2023

08.06.2023

Ee Réckbléck

 

Den 3. a 4. Juni 2023 war de Weekend vun den oppene Kierchen am ganze Land. 68 Kierchen haten hir Dire grouss opgemaach fir houfreg hire Patrimoine ze weisen. Um Weekend goufen awer och e puer Kierchen nei an de Reseau opgeholl, an zwar d’Kierch vu Rued-Sir an der Gemeng Betzder an d’Kierche vu Biereng, Recken, Pëtten, Miesdref a Miersch an der Gemeng Miersch. A béide Fäll iwwerhëllt d’Gemeng d’Cotisatioun. Touristen an Einheimescher kënne jidderzäit an dës Kierchen eragoen, e Moment vun der Stëllt genéissen, déi reliéis Konscht bewonneren, e spirituelle Gedanken an d’Gästebicher néierschreiwen oder an däer schéiner Atmosphär einfach e bësse raschten. Déi 40 Kierchen am Reseau hunn all eng Säit um Internet, wou interessant Informatiounen dozou ze fanne sinn.

Merci un all d’Leit aus de Poren an de Gemengen, déi matgehollef hunn fir d’Kierche schéin ze presentéieren an déi de Leit Visitt guidéeën a Concerten offréiert hunn.

D’Fotoen si vum Christiane Kremer-Hoffmann, Jean-Paul Engeldinger, Laure Simon a Fernand Arend.