News

Nei Kooperatioun tëschent EwB, Bistum an CFD

29.04.2025

D’EwB freet sech, dass de Bistum an den CFD (Centre de Formation Diocésain Jean XXIII) déi laangjäreg Kooperatioun mat der EwB fir dräi weider Joer (2025-2027) vertraglech weiderféieren.

Dëst erméiglecht ënner anerem d’Organisatioun vum EwB Bicherzelt am Kader vun der Oktav souwéi eng Rei u gemeinsame Weiderbildungsformater an -inhalter. D’Kooperatioun soll d’Bréckebildung tëschent Kierch, Relioun a Gesellschaft fërderen, andeem se Debatten iwwert wichteg ethesch, ökologesch a sozial Froen duerch gemeinsam Aktivitéite stimuléiert.