News

D’EwB sicht 1 IT – Formateur*trice oder Mediepedagog*in

11.08.2025

Aarbechtsannonce

D’EwB ASBL (ewb.lu) ass ee Bildungsuert an huet d‘Zil, e Kader an eng Offer ze schafe, fir Mënschen an all Alter an hirer perséinlecher Entwécklung z’ënnerstëtzen.

D’EwB sicht fir hir Internetstuff am Kader vum Projet Citoyenneté numérique mat der Stad Lëtzebuerg : 1 IT – Formateur*trice oder Mediepedagog*in (CDI: Deelzäit 20h/Woch)

Aarbechtsberäicher

  • Mataarbecht an der i-Stuff, Konzeptioun an Duerchféierung vu Course wéi och individuelle Support zu Theme wéi Smartphone, Internet, E-Banking, K.I., asw.
  • Aktiv Ënnerstëtzung beim Ëmgang mat neien Technologien
  • Verständlech Vermëttlung vu komplexen digitalen Inhalter
  • Mataarbecht a Konzeptioun fir déi künfteg Entwécklung vum Projet Citoyenneté numérique a Kooperatioun mat der Stad Lëtzebuerg an 3 Internetstuffen (EwB, CLAE a Maison des Associations)

Profil

  • Formatioun an/oder (Beruffs)Erfarung am Beräich Pedagogik an exzellent Kenntnisser am Ëmgang mat IT
  • Erfarung am pedagogesche Beräich mat Erwuessene vu Virdeel
  • Bereetschaft fir eng aktiv Mataarbecht an enger wäertschätzender Equipe
  • Sproochen: LU oder DE ass Viraussetzung; FR oder EN ass vu Virdeel

De Salaire entsprécht der Carrière C5, Kollektivvertrag CCT-SAS.

Är Demande ass bis de 15. September 2025 u recrutement@ewb.lu ze schécken, mat:

  • Motivatiounsschreiwes
  • Liewenslaf
  • Referenze
  • Kopië vun Diplomer an Aarbechtsnoweiser
  • Extrait vum Casier judiciaire