Kultur-Lese-Reise zur Leipziger Buchmesse
07.05.2023Endlech… no 3 Joer huet nees eng „normal“ Leipziger Buchmesse stattfonnt.
D’ErwuesseBildung war mat engem klenge Grupp dohin a gouf net enttäuscht!
Vill an interessant Literatur, spannend Virträg, Ronndësch-Gespréicher, Liesungen a Begéinungen hunn eis do erwaart.
E groussen Akzent louch op dem aktuellen Thema „ChatGPT“ „KI“– dem Impakt op d’Welt vun der Literatur“.
Donieft och ganz interessant waren Diskussiounen iwwert „D’Wichtegkeet vu Liesfërderung – och schonn bei ganz klenge Kanner“.
An net ze vergiessen: d’Manga- a Comic-Szen, déi ëmmer méi e grousse Stellewert op der Buchmesse genéisst.
An… Leipzig ass eng super Stad, déi sou vill ze verzielen huet.
Danielle Mertes, Aarbechtsgrupp „Kannerbicher“